Prix Anne-Beffort
De Prix Anne-Beffort ass e Präis deen zanter 2003 vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg zougedeelt gëtt.
Fir dee Präis kommen a Fro: Vereenegungen ouni Gewënnzweck, Eenzelpersounen, Gruppen an Institutioune vum Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, déi sech mat engem Projet, enger Aktivitéit oder enger Initiativ fir de Respekt an d'Chancëgläichheet vun de Rechter vu Männer a Fraen asetzten.
De Präis, deen uganks mat 2.500 Euro, duerno mat 3.000 Euro[1] dotéiert ass, huet den Numm vun der Anne Beffort.
- 2003: Inter-actions faubourgs
- 2004: net verginn ?
- 2005: Femmes en détresse
- 2006: Cid-femmes
- 2007: Marja-Leena Junker
- 2008: Annette Schwall-Lacroix
- 2009: Fédération des femmes cheffes d'entreprise du Luxembourg
- 2010: Josiane Kartheiser
- 2011: Sport a Fräizäit Zéisseng
- 2012: Femmes en détresse
- 2013: Planning familial
- 2014: Girls in tech asbl
- 2015: ALUPSE (association luxembourgeoise pour la prévention des sévices à enfants)
- 2016: Planning familial
- 2017: Colette Flesch
- 2018: Voix de jeunes femmes
- 2019: Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
- 2020: ANIL (association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg)
- 2021: Centre LGBTIQ+ Cigale
- 2022: IMS – Inspiring More Sustainability
Um Spaweck
änneren- Prix Anne Beffort op vdl.lu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Remise du Prix Anne Beffort | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-09.
- ↑ Egalité entre femmes et hommes | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2022-12-07.