Privatkonnegeschäft
D'Privatkonnegeschäft oder op englesch Private banking begräift déi Déngschtleeschtungen déi d'Banken an aner Finanzinstituter fir Privatkonne mat Knäpp entwéckelt hunn. Dës Cliente mat Mëttelen, meeschtens iwwer 1 Mio Dollar, genéissen eng privilégéiert Behandlung duerch hir Bank. D'Dengstleeschtunge fir Privatkonne begreifen:
- d'Gestioun vun hirem Patrimoine,
- d'Placementer op Spuerkonten, Terminkonten, an Obligatiounen, Aktien, an Investmentfongen,
- d'Souscriptioun vu Spuerplangen,
- d'Entwécklung vu Léisungen am Zesummenhank mat der Altersvirsuerg,
- d'Berodung vun dëser Clientèle duerch en individuelle Beroder.