Emmy Awards

US-amerikanesche Televisiounspräis
(Virugeleet vu(n) Primetime Emmy Award)

D'Emmy Awards, kuerz Emmys, sinn en US-amerikaneschen Televisiounspräis. Si gëllen nieft den Academy Awards ("Oscar") fir Filmer, den Tony Awards fir Theater an de Grammy Awards fir Musek zu de véier bedeitendsten Präisser an der Entertainmentindustrie vun den USA.

D'Bün vun der Zeremonie vun den Emmy Awards 1993, mat enger vergréisserter Versioun vun der Präisstatu am Hannergrond

Zënter 1949 ginn d'Emmy Award fir déi ofgelafe Fernseesaison verginn. Et gi vill verschidde Kategorien an Zeremonien, vun deenen déi bekanntst d'"Primetime Emmy Awards" (fir d'Sendezäit Owes) an d'"Daytime Emmy Awards" (fir den Dagesprogramm) sinn. Aner wichteg Emmy-Evenementer éieren ënner anerem national Sportprogrammer an Noriichtesendungen. Donieft gëtt et och nach regional Präisser an d'"International Emmy Awards" fir Sendungen, déi baussent den USA produzéiert a fir d'éischt diffuséiert goufen.

Dräi Institutiounen organiséieren d'Emmy-Awards:

  • D'Academy of Television Arts & Sciences vergëtt de Präis fir amerikanesch Primetime-Sendungen (ausser fir Sport).
  • D'National Academy of Television Arts & Sciences verdeelt d'Präisser fir den Dagesprogramm, Sport, Noriichten an Documentairen.
  • D'International Academy of Television Arts & Sciences verdeelt de Präis for Programmer, déi baussent den USA geschaf goufen.

D'Präisskulptur ass eng Fra mat Flilleken, déi hir Äerm an d'Luucht streckt an en Atom hält. Si gouf vum Televisiounstechniker Louis McManus entworf, dee seng eege Fra als Modell geholl hat.[1]

Den Numm Emmy kënnt vun "immy", engem informelle Begrëff fir "image orthicon tubes", engem Tüb, deen a fréiere Fernseekameraen ze fanne war.[2]


Commons: Emmy Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. emmys.com: Sandra Parker - History of the Emmy Statuette (13. August 2013)
  2. emmys.com: A History of Emmy - The 1940s (gekuckt den 20. November 2021)