Poudingue de la Chawresse

De Poudingue de la Chawresse ass eng Usammlung vun décke Fielsbléck am Bësch mat dem Numm Bois des Manants tëscht Tilff a Beaufays, déi iwwer d'Waasserfäll vun der Chawresse hänken. Déi Bléck aus Puddingsteen leien iwwereneen, an hunn eng Héicht vu fënnef bis zéng Meter, a presentéieren Dallen, Kanten, Splécken, an e klengen Daach.

Et ass an där Géigend eng bekannt Plaz fir Kloterer, Speleologen, Randonneuren a Vetetisten.

Tëscht de Fielse gëtt et 28 Passage vum Schwieregkeetsgrad 3 bis 5b.

Geographesch Koordinaten (Prezisioun 50 m): 50° 33’ 20’’ N 05° 35’ 21’’ O