Am Kaartespill Poker ass de Pot, op Lëtzebuergesch Dëppen, d'Zomm vun allen Chips oder Suen déi am Laf vun enger Hand abezuelt ginn.

Wann e Spiller et fäerdeg bréngt all déi aner Spiller aus der Hand ze verdreiwwen, sief et dat e blufft oder no der leschter Setzronn déi bescht Hand huet, gewënnt en dat wat zu deem Zäitpunkt am Pot ass.

D'Ausrechne vun den sougenannte Pot Odds, dat ass d'Relatioun tëscht deem wat an de Pot muss abruecht ginn an de Chancen déi sech e Spiller ausrechent eng Hand nach ze gewannen, gëtt dem Poker e mathematesche Volet, deen et méiglech mécht langfristeg profitabel ze spillen.

Am Fall wou zwéi Spiller eng gläichstaark Hand hunn, deele se sech de Pot.

Wann am Laf vun enger Hand en Asaz abruecht gëtt dee sech de Spiller net méi léschte kann, gëtt e separate Pot opgemaach, de sougenannte Side Pot