Provënz Cabinda

Provënz vum Angola
(Virugeleet vu(n) Portugisesche Kongo)

D'Provënz Cabinda ass eng angolanesch Provënz an Exklav tëscht der Demokratescher Republik Kongo an der Republik Kongo. E puer Rebellebeweegunge kämpfe fir d'Onofhängegkeet vum pëtrolsräichen Territoire.

Cabinda (rout) an Angola (wäiss)
Cabinda

Geographie änneren

Cabinda läit nërdlech vun der Mëndung vum Kongofloss. Den Territoire grenzt am Norden an am Nordosten un d'Republik Kongo an ass vun Angola duerch e schmuele Landstreech am Süden an am Südweste getrennt, deen zur Demokratescher Republik Kongo gehéiert. Am Westen huet Cabinda eng 90 km laang Atlantikküst.[1] De gréissten Deel vun der Regioun si Reebëscher.[2]

Déi gréisst Stad a Provënzhaaptstad heescht och Cabinda.

D'Provënz Cabinda ass iwwer 7.000 km² grouss. Dem angolaneschen Institut fir Statistik no hat d'Provënz Cabinda 2014 eng Bevëlkerung vu 718.256 Awunner.[3] Am Joer 2050 soll se, Projektiounen no, bei 1.603.454 Awunner leien.[4]

Wirtschaft änneren

Haaptexportgutt ass Pëtrol. Donieft spillen awer och nach d'Holzindustrie an d'Produktioun vu Palmenueleg an anere landwirtschaftleche Produiten eng Roll, och wann déi haut manner wichteg ass.

1968 gouf mat der Pëtrolsfërderung ugefaangen. Haut gëtt a Cabinda de Gros vum angolanesche Pëtrol gefërdert.[2]

Geschicht änneren

Prekolonial Zäit änneren

Der lokaler Legend no krut Cabinda wärend enger turbulenter Phas vum Kongoräich eng gewëssen Autonomie. Déi mächteg Bakongo-Kinnegin Muam Poenha hätt de Kinnek rose gemaach an den Haff zu M'Banza Kongo misse verloossen. Si wier mat hiren Drillingen an d'Fürstentum Ngoyo geflücht, wou si e lokale Prënz bestuet hätt. Wéi de Kinnek sech berouegt hat, hätt hie säin Territoire an dräi gedeelt, an aus engem vun deenen Deeler, Ngoyo, wier spéider dat haitegt Cabinda ginn.[5]

Déi éischt Portugise sinn an der Mëtt vum 15. Joerhonnert an der Géigend ukomm. Eng Hypothees iwwer den Ursprong vum Numm Cabinda ass, datt si deemools op e Mafouk oder Mafuka gestouss sinn, e Beamte vum Kinnekräich Ngoyo, dee Binda geheescht huet. D'Portugisen hunn eventuell den Numm Mafuka Binda benotzt, an doraus ass du Cabinda entstanen. Eng aner Hypothees ass, datt den Numm aus dem Kikongo, respektiv dem Kimbundu kënnt a sech aus dem Prefix "ka" an dem Substantiv "Mbinda" zesummesetzt, woumat een e Waasserbehälter, oder an engem méi wäite Sënn och eng Bucht bezeechne kann. Déi fréist schrëftlech Iwwerliwwerung vum Numm datéiert aus dem Joer 1590, wéi den Andrew Battel, en Englänner a portugisesche Prisonéier, d'Plaz Cabenda nennt.[6]

Portugisesch Interessen a Protektorat änneren

Portugal hat joerhonnertelaang Handelsposten un der Küst vu Cabinda a frëndschaftlech Relatioune mat de Bakongo-Kinneke ënnerhalen. Wichtegst Handelsgidder ware Sklaven, déi iwwer den Atlantik an Europa, Brasilien an op São Tomé bruecht gi sinn. Doduerch ass Cabinda am 16. an am 17. Joerhonnert ee vun de wichtegsten Handelsposten un der afrikanescher Westküst ginn.[7]

1785 huet de Kinnek Mambuco Puna de Portugisen d'exklusiv Handelsrechter an der Regioun ginn an all déi aner Europäer verbannt. Am 18. Joerhonnert hunn d'Fransousen an d'Belsch territorial Uspréch op d'Hannerland vum fréiere Kongoräich erhuewen. Dat huet d'Briten an d'Portugisen alarméiert, an et ass 1884-1885 schlussendlech zur Berliner Konferenz komm, op där iwwer déi verschidden Uspréch entscheet ginn ass. D'Portugise waren déi grouss Verléierer vun där Konferenz, well Cabinda, dat virdrun un Angola gegrenzt huet, elo duerch e schmuele Landstreech, deen dem belsche Kongo zougeschwat gouf, getrennt war.[7]

Tëscht den 1880er an 1950er war Cabinda e portugisescht Protektorat (de Portugisesche Kongo).[8] 1956 ass den Territoire en Deel vun der Iwwerséiprovënz Angola ginn, mee geographesch, linguistesch an ethnesch eng separat Entitéit bliwwen. An den 1960er huet sech, wéi och an den anere portugiseschen Territoiren an Afrika, de Wëllen zur Selbstbestëmmung entwéckelt.[2][7] Vun 1963 un huet de Frente para a Libertação do Enclave de Cabinda (FLEC, "Front fir d'Befreiung vun der Enklav vu Cabinda") onofhängeg vun den anere Befreiungsorganisatiounen an Angola géint d'Portugise gekämpft.

Onofhängegkeet vun Angola a Biergerkrich änneren

 
Fändel vum FLEC

No der portugisescher Revolutioun (1974) ass Cabinda als Deel vun Angola onofhängeg vu Portugal ginn. Direkt duerno ass den angolanesche Biergerkrich ausgebrach. De FLEC huet weider fir d'Onofhängegkeet vun Angola gekämpft, wärend de Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA), deen elo déi international unerkannte Regierung vun Angola gestallt huet, zesumme mat kubaneschen Truppe Cabinda besat huet. Den MPLA an d'Kubaner konnte séier d'Kontroll iwwer d'Stied erlaangen, wärend de FLEC e Guerillakrich an de ländleche Géigende gefouert huet.

No joerzéngtelaange Kämpf ass den angolanesche Biergerkrich 2002 op en Enn gaangen. De FLEC huet sech iwwer d'Joren an e puer Splitterorganisatiounen opgespléckt, mee a Cabinda kämpfen d'Rebelle weider géint d'angolanesch Regierung.[1] Eng Exilregierung vun der Republik Cabinda huet Büroen zu Paräis an an der Republik Kongo.

Um Spaweck änneren

Commons: Provënz Cabinda – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Encyclopædia Britannica: Cabinda (gekuckt den 19. August 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 The Columbia Encyclopedia, 6th ed.: Cabinda (gekuckt den 3. Oktober 2017)
  3. "Projecção da População da Província de Cabinda, 2014-2050", Quadro 1 - População projectada por grupos etários, segundo a área de residência e sexo, 2014, Editioun 2016, Säit 17, erofzelueden hei
  4. "Projecção da População da Província de Cabinda, 2014-2050", Quadro 37 - População projectada por grupos etários, segundo a área de residência e sexo, Cabinda 2050, Editioun 2016, Säit 17, erofzelueden hei
  5. flogao.com.br: As Colônias Africanas - África Ocidental Portuguesa - Cabinda sob a colonização portuguesa
  6. Schürmann, Felix, 2017, "Kapitel 6. Im Zeichen der Abolition: Cabinda, 1850-1885" in Der graue Unterstrom: Walfänger und Küstengesellschaften an den tiefen Stränden Afrikas (1770-1920), Campus Verlag GmbH, 682 Säiten, Säit 443.
  7. 7,0 7,1 7,2 Washington Post: Cabinda: History – Scramble for Cabinda (gekuckt den 3. Oktober 2017)
  8. Ken Jennings fir Condé Nast Traveler: Cabinda: The Tiny Oil-Rich Corner of Africa Everyone's Fighting Over (1. Juni 2016)