Portoviejo ass eng Stad an Ecuador mat 171.847 Awunner (Stand: 25. November 2001).

D'Kathedral vu Portoviejo (2005)

Et ass d'Haaptstad vun der Provënz Manabí a läit, op enger Héicht vun 136 m, eng 30 km vun der Küst vum Pazifik ewech. D'Stad ass e wichtegen Zentrum fir Véizuucht an den Ubau vu Kaffi a Kotteng.

Portoviejo ("alen Hafen" op Spuenesch) gouf den 12. Mäerz 1535 vum spuenesche Kapitän Francisco Pacheco als Villa Nueva de San Gregorio de Portoviejo gegrënnt.

Um Spaweck änneren

Commons: Portoviejo – Biller, Videoen oder Audiodateien