De Pont d'Île war eng Bréck zu Léck déi zanter dem 13. Joerhonnert d'Verbindung tëscht der Vinâve d'île an dem Zentrum vun der Stad gemaach huet.

D'Plaz vun der Bréck op engem Plang vu 1737

D'Meuse vun där fréier en Aarm e grousse Bou ëm de Quartier St. Paul gemaach huet, war hei nach e 6 Äerm mat all Kéier enger klenger Insel dertëscht opgedeelt.

Et war eng Boubréck mat 11 Béi déi sou d'Verbindung vun Insel zu Insel gemaach huet.

Well op den Inselen, direkt widder d'Bréck gebaut gouf, sinn do d'Bréckebéi lues a lues tëscht de Gebaier verschwonnen, soudatt en zum Schluss nach just dräi Béi iwwer dem ëstlechsten Arem op der Entrée vun der Rue St. Gangulphe gesi konnt.

Wéi dunn Enn vum 19. Joerhonnert déi lescht Säitenäerm vun der Meuse, genannt Bief de Saint-Denis a Bief de Saint-Jean zougetippt goufen, sinn dës dräi Bréckebéi och aus dem Bild vu Léck verschwonnen. Op der Plaz vun den zougetippten Äerm sinn haut d'Rue de la Régence an d'Rue de l'Université.

De Pont d'Île

Kuckt och änneren