De Pompjeesmusée Senneng (och: Ale Pompjeesschapp Senneng) ass e Musée zu Senneng, an deem ee sech iwwer d'Aktivitéite ronderëm d'Pompjeeën informéiere kann.

Pompjeesmusée Senneng
De Pompjeesmusée zu Senneng an der aler Molkerei
Land Lëtzebuerg
Plaz Senneng
Koordinaten 49°38'46,26"N, 6°14'18,14"O

E gouf den 28. Juni 2017 opgemaach. D'Gebai ass eng fréier Molkerei op N°38, rue du Château, déi eng Zäitchen als Pompjeesbau gebraucht gouf. Dono gouf d'Gebai de Sëtz vum Fëscherveräin Neibaach, ier et fir den aktuellen Zweck vun der Gemeng Nidderaanwen amenagéiert gouf.[1]

D'Ausstellungstécker ware vun de fréiere Pompjeeskommandante vun Ueweraanwen, Pierre Rach a Gilbert Sauber, gesammelt an zesummegestallt ginn.[2]

Um Spaweck

änneren
Commons: Pompjeesmusée Senneng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Feuerwehrmuseum "Ale Pompjeesschapp Sennéng" offiziell eingeweiht. wort.lu, 30. Juni 2017.
  2. "Mit Blaulicht und Co." wort.lu, 25. November 2017.