Eng politesch Revolutioun ass eng duerch friddlech oder militant Mëttel erzwonge grondleeënd Ännerung vun enger bestoender staatlecher Uerdnung an ziilt meeschtens op d'Aféierung vun engem neie politesche System, Staatsform oder d'Neibesetzung vun deenen, déi d'Staatsgewalt ausüben. Dës Ännerunge geschéie baussent der Rechtsrumm vum ale System, d. h. no hiren Definitiounen op illegal Manéier.

De Begrëff Revolutioun staamt aus dem 15. Joerhonnert vum spéitlaténgesche revolutio (Zeréckwälzen, Ëmdréiung). An enger éischter Phas gouf de Begrëff an der Astronomie agesat als Bezeechnung fir den Ëmlaf vun den Himmelskierper. Méi spéit koum d'Wuert och allgemeng fir „Verännerung, Neierung“ an de Gebrauch. Eréischt am 17. Joerhonnert an England an am 18. Jh. duerch déi Franséisch Revolutioun krut d'Wuert déi haiteg Bedeitung.

Kuckt och

änneren