Polandball, och nach bekannt als Countryball, ass en Internet-Phenomeen, deen 2009-2010 opkoum an dodra besteet, datt an Online-Comics Bäll déi a verschiddene Landesfaarwe gemoolt sinn a schlechtem Englesch mat nationale Klischeeën iwwereneen hierfalen.

Polandball
Luxembourgball

Hiren Urspronk hat alles am August 2009, wéi polnesch Internetbenotzer op drawball.com, enger Plattform déi et erlaabt Saachen ze molen an och anere Leit hir Zeechnungen z'iwwermolen, eng Zort "Cyberkrich" ugefaangen hu fir all d'Zeechnungen op där ganzer Plattform sou z'iwwermolen datt an der Gesamtusiicht duerno e ronne polnesche Landesfändel mam Wuert "POLSKA" ze gesi war.

Am September 2009 huet dunn um Billerforum Krautchan.net de Benotzer Falco dat Theema opgeholl, fir de polnesche Benotzer Wojak ze trollen, deen um selwechte Forum duerch säi schlecht Englesch opgefall ass.

Duerno hu vill russesch Internetbenotzer sech op déi Iddi gestierzt, fir sech iwwer eng gewësse Megalomanie an national Komplexer vun de Pole lëschteg ze maachen. E frequent Beispill dovun ass datt Diskussiounen domat endegen datt de russesche Ball dee polneschen touft well deen net an de Weltraum ka fléien ("Poland cannot into space").

Et gëtt hautdesdaags awer eng Hellewull där Comics, och mat Bäll an anere Landesfaarwen, déi souguer dann nach "Polandball" genannt gi wa guer kee polnesche Ball dra virkënnt.

Sou en typesche Landesball ass wéi ursprénglech op Krautchan.net relativ schlecht mat MS Paint gezeechent, huet just Aen awer kee Mond oder Oueren, a gëtt heiansdo mat klischeebeluedenen Accessoirë gewisen (Zylinder a Monokel fir deen engleschen, Kalaschnikow fir dee russeschen, etc.)

Um Spaweck änneren

Commons: Polandball – Biller, Videoen oder Audiodateien