Pjotr Andrejewitsch Nalitsch

russesche Museker

De Pjotr Andrejewitsch Nalitsch (Пётр Андреевич Налич), gebuer 1981 zu Moskau, ass e russesche Museker, deen als éischte russesche YouTube-Phenomeen gëllt, well seng weltwäit Bekanntheet haaptsächlech op e Clip zeréckgeet, deen en um genannte Videoportal verëffentlecht huet, an deen op den 2. Januar 2008 mat alle Kopië schonn iwwer 700.000 Visiteure versammelt huet.

Pjotr Andrejewitsch Nalitsch
Gebuer 30. Abrëll 1981
Moskau
Nationalitéit Russland
Educatioun Moskauer Architekturinstitut
Aktivitéit Sänger, Komponist, Architekt, Lidderschreiwer

Mat senger Grupp MKPN (Ofkierzung vu Музыкальный коллектив Петра Налича – Museksgrupp Pjotr Nalitsch) huet e Russland beim Eurovision Song Contest 2010 vertrueden a koum op déi eeleft Plaz beluecht.

Säi Liewen änneren

De Pjotr Andrejewitsch gouf am Joer 1981 zu Moskau gebuer. Als Enkel vun engem bosneschen Tenor an der Belgrader Oper, huet hien als éischt e Studium um Moskauer Architekturinstitut MARCHI absolvéiert, ier e sech bei enger musekalescher Bildungsariichtung fir Gesangskonscht beim Moskauer Conservatoire ageschriwwen huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Peter Nalitch – Biller, Videoen oder Audiodateien