Pioneer 7
Pioneer 7 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si war déi zweet vun am Ganze véier Pioneer-Sonde fir d'Moosse vun der Sonnenaktivitéit an hirer Auswierkung op den interplanetare Raum. Si sollt, wéi Pioneer 6 an déi zwou nofollgend Sonden, op enger heliozentrescher Ëmlafbunn Miessunge maachen an ënner anerem viru Sonnestierm warnen.
Pioneer 7 | |
---|---|
Zil | Ënnersich vum Interplanetare Raum |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Mass | 138 kg |
Start | 17. August 1966, 15:20 UTC |
Startplaz | Cape Canaveral AFS Launch Complex 17 |
Drorakéit | Delta E |
Status | op enger Ëmlafbunn tëscht Äerd a Mars |
Opbau
ännerenD'Pioneer 7 hat en zylindresche Kierper mat enger Héicht vun 81 Zentimeter an engem Duerchmiesser vu 94 Zentimeter. Nieft enger interner Batterie ware fir hir Stroumversuergung 10368 Solarzellen op hirem Mantel gepecht. D'Sond war spinstabiliséiert an hat en ettlech mat Stéckstoff bedriwwen Düsen. Donieft hunn zwou Staangen, déi sech nom interplanetare Magnéitfeld ausgeriicht hunn, fir déi noutwendeg Stabilitéit gesuergt. Am Ganze waren zéng verschidden Instrumenter u Bord. Dorënner waren e Magnéitometer, en Instrument fir de Sonnewand ze moossen, an en Teleskop fir d'kosmesch Hannergrondstralung ze moossen.
Missioun
ännerenNom Start gouf d'Pioneer 7 an eng heliozentresch Ëmlafbunn tëscht der Äerd am Mars bruecht. Eng Rotatioun vu 60 Ëmdréiunge pro Minutt ëm d'Längsachs vun der Sond huet fir d'Spinstabiliséierung gesuergt. D'Miessresultater goufen op engem Bandlafwierk tëschegespäichert an dann op d'Buedemstatioun iwwerdroen. Well d'Sond baussent der Äerdëmlafbunn geflunn ass, konnt se de 7. September 1968 de magnéitesche Schwäif vun der Äerd ënnersichen. Den 20. Mäerz 1986 ass Pioneer 7 ca. 12,3 Millioune Kilometer laanscht de Koméit Halley geflunn an huet d'Wiesselwierkung tëscht dem Waasserstoff vum Koméit an dem Sonnewand ënnersicht. Genee wéi de Virgänger Pioneer 6, war Pionneer 7 fir eng Liewensdauer vu ronn 6 Méint virgesinn, déi si méi wéi iwwertraff hat.
Resultater
ännerenD'Missioun war e vollen Erfolleg. Si hat Donnéeën iwwer Sonnestierm geliwwert, déi vu méi wéi 1.000 Institutiounen a Firmen ausgenotzt goufen. Am Géigesaz zu Pioneer 6, ass net virgesinn nach eng Kéier Kontakt mat der Sond opzehuelen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Pioneer 7 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Pioneer 7 bei NASA: Solar System Exploration
- (en) Beschreiwung vun der Missioun Pioneer 7 am NSSDC
- Bernd Leitenberger: De Pioneer-Programm