Eng Pincette ass e Geschier mat deem een en Objet ka festhalen ouni en direkt mat den Hänn unzepaken. E besteet aus zwéin Deeler déi op engem Enn verbonne sinn. Déi zwou fräi Extremitéiten hunn eng Spëtzt déi adequat geformt ass fir den Objet domat festzehalen. Jee no Typ Pincette sinn déi Spëtzten anescht geformt.

Ënnerschiddlech Pincetten

Meescht sinn d'Objeten déi mat enger Pincette ugepaakt ginn ze kleng fir mat de Fangeren ugepaakt ze ginn.

Modern Pincettë si meescht aus Metall. Si kënnen zum Beispill gebraucht gi fir Hoer auszerappen oder fir kleng elektronesch oder mechanesch Deeler ze manipuléieren. Och an der Chirurgie an am Laboratoire gi Pincetten agesat.

Um Spaweck änneren

Commons: Pincetten – Biller, Videoen oder Audiodateien