Pierre Boulez

franséische Komponist, Dirigent a Musektheoretiker

De Pierre Boulez, gebuer de 26. Mäerz 1925 zu Montbrison, am Departement Loire, a gestuerwen de 5. Januar 2016 zu Baden-Baden, war e franséische Komponist, Dirigent a Musektheoretiker.

Pierre Boulez
Gebuertsnumm Pierre Louis Joseph Boulez
Gebuer 26. Mäerz 1925
Montbrison
Gestuerwen 5. Januar 2016
Baden-Baden
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Musikolog, Musekstheoretiker, Universitéitsprofesser, Pianist, Museker, Schrëftsteller
Member vun Akademie der Künste der DDR, Akademie der Künste Berlin, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Letters, Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina
De Pierre Boulez (2004)

De Pierre Boulez war zënter den 1950er Joren nieft dem Karlheinz Stockhausen an dem Luigi Nono ee vun den Haaptrepresentante vun der musikalescher Avantgarde, speziell vun der serieller Musek. Hien huet a senge Kompositioune Rationalitéit a Logik mat de poeteschen Traditioune vun der franséischer Musek, absënns vum Impressionismus, kombinéiert.

Hien huet um Paräisser Conservatoire beim Olivier Messiaen an dono bei der Andrée Vaurabourg, dem Arthur Honegger senger Fra, a beim René Leibowitz studéiert. 1946–1956 war hie musikaleschen Direkter vum Théâtre Marigny. 1955–1967 war hien Dozent zu Darmstadt an Dirigent vum Kammerensemble vun do.

1954 gouf hie Gaaschtdiriegent vum Südwestfunk-Orchester zu Baden-Baden. 1966 gouf hien Dirigent vun de Bayreuther Festspiele. Hie war weiderhin vun 1967–1972 Gaaschtdirigent vum Cleveland Orchestra, 1971–1975 Dirigent vum BBC Symphony Orchestra an 1971–1977, als Nofollger vum Leonard Bernstein, vum New York Philharmonic Orchestra.

Zu Paräis huet hien am Centre Beaubourg d'Institut de Recherche et de Coordination Acoustique-Musique (IRCAM) gegrënnt, deem säin Direkter en 1976–1992 war.

Vun den 1990er Joren un huet de Boulez mat enger Rëtsch aneren Ensembelen zesummegeschafft, fir CDen opzehuelen, notamment mat de Berliner an de Wiener Philharmoniker. 2004 huet hien nach eng Kéier de Parsifal zu Beyreuth dirigéiert.

Wierker

änneren

Kompositiounen (Auswiel)

änneren
  • 12 Notations (1945) fir Piano
    • fir Orchester iwwerschafft:
      • Notations I-IV (1978; revidéiert 1984)
      • Notation VII (1997)
  • Sonate pour piano Nr. 1 (1946)
  • Sonatine fir Flütt a Piano(1946)
  • Sonate pour pianoNr. 2 (1947)
  • Livre pour quatuor (1948/49) fir Sträicheruartett
  • Polyphonie X (1951) fir 18 Instrumenter
  • Le marteau sans maître (1952–1955) Text: René Char
  • Structures fir zwéi Pianoen
    • Livre I (1952)
    • Livre II (1956–1961)
  • Sonate pour piano Nr. 3 (1955–1957)
  • Strophes (1957) fir Orchester
  • Pli selon pli. Portrait de Mallarmé (1957–1962; revidéiert bis 1989). Text: Stéphane Mallarmé
  • Doubles fir Orchester (1958)
  • Eclat fir 15 Instrumente (1965 ff.)
  • Domaines fir Klarinett (1961–1968)
  • Livre pour cordes fir Sträicherorchester (1968 ff.)
  • cummings ist der dichter (1970; revidéiert 1986) fir 16 Solostëmmen oder gemëschte Chouer a 27 Instrumente. Text: E. E. Cummings
  • …explosante-fixe… (1971) fir variablen Ensembel
  • Mémoriales (1973–1975) fir Orchester
  • Rituel in memoriam Bruno Maderna fir Orchester (1975)
  • Messagesquisse (1976/77) fir Solo-Violoncello a sechs Violoncelli
  • Réponse (1981) fir sechs Instrumentalsolisten, Kammerensemble, Computerkläng a Live-Elektronik
  • Dérive II (1988; revidéiert 2006) fir eelef Instrumenter
  • Incises (1994; revidéiert 2001) fir Piano
  • Sur Incises (1996/98) fir dräi Pianoen, dräi Harfen an dräi Batterien

Gielercher (Auswiel)

änneren

Nieft enger Hellewull anerer Präisser an Auszeechnunge krut hien am Ganze 26 Grammyen a gouf ë. a. zum Commandeur vum Ordre des Arts et des Lettres ernannt a mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent.

Literatur

änneren
  • Boulez on Conducting. Conversations with Cécile Gilly, Faber & Faber, London 2003.
  • Joan Peyser: Boulez, 303 S., New York: Schirmer 1976
    • iwwerschafft Neioplo: Boulez – Composer, Conductor, Enigma. McMillan, New York 1995.
  • Paul Griffiths: Boulez, Oxford 1978
  • Theo Hirsbrunner: Pierre Boulez und sein Werk, 244 S., Laaber: Laaber-Verlag 1985, ISBN 3-89007-047-7

Um Spaweck

änneren
Commons: Pierre Boulez – Biller, Videoen oder Audiodateien