De Pierre Biwer, gebuer den 3. Mee 1823 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen duerch en Accident den 21. Mäerz 1871, war e lëtzebuergeschen Architekt.

Pierre Biwer
Gebuer 3. Mee 1823
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Mäerz 1871
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

Säi Studium huet hien zu München an zu Bréissel gemaach.

Vun him sinn d'Pläng vun der Parkierch Dikrech an der Dikrecher Kierfechtskapell.

Literatur änneren

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 154