Pier Luigi Celata
apostouleschen Nuntius
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pier Luigi Celata, gebuer den 23. Januar 1937 zu Pitigliano, Provënz Grosseto an Italien, ass en italieenesche Geeschtlechen, kathouleschen Äerzbëschof an Diplomat vum Hellege Stull.
Pier Luigi Celata | |
---|---|
Gebuer | 23. Januar 1937 |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister |
Hie gouf den 12. Dezember 1985 vum Jean-Paul II. zum Titularbëschof vu Doclea geweit.
Vun 1985 bis 2002 war hien apostouleschen Nuntius fir verschidde Länner:
- 12. Dezember 1985: fir Malta,
- 7. Mee 1988: fir San Marino,
- 24. Juni 1992: fir Slowenien,
- 6. Februar 1995: fir d'Tierkei,
- 3. Abrëll 1997: fir Turkmenistan,
- 3. Mäerz 1999: fir d'Belsch a fir Lëtzebuerg. Hie war domat den Nofollger vum Giovanni Moretti, bis en de 14. November 2002 vum Jean-Paul II. als Sekretär vum Peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog nominéiert gouf.
Den 23. Juli 2012 gouf de Pier Luigi Celata vum Poopst Benoît XVI. als Vize-Camerlengo vun der kathoulescher Kierch genannt. Den 20. Dezember 2014 gouf hie pensionéiert.
Kuckt och
änneren
Referenzen an Notten
änneren
- Quell wou net anescht uginn: Fiche vum Pier Luigi Celata op www.catholic-hierarchy.org (gekuckt den 19. Mäerz 2022)