De Pico Veleta (Spuenesch: El Veleta, Pico de Veleta oder och dacks einfach Veleta) ass déi drëtthéchst Biergspëtz op der ibeerescher Hallefinsel an déi zweethéchst an der Sierra Nevada, an de betesche Kordilleren, an der Provënz Granada am Südoste vu Spuenien. En ass 3.396 m héich.

De Pico Veleta

Op de Pico Veleta féiert déi héchst Biergstrooss an Europa. De Col deen d'Verbindung tëscht dem Dall vum Rio Genil an deem vum Rio Trevélez mécht läit e bësse südlech vun der Biergspëtzt. Et ass mat 3.367 den héchste befuerbare Col an Europa. En ass allerdéngs nëmmen zu Fouss oder am Spéitsummer mam Vëlo z'erreechen am beschte mat engem Moutain-Bike. D'Opfaart ass am einfachste vu Granada aus iwwer d'A-395 an ass dann 51  km laang mat enger Héichtendifferenz vun 2.673 m. Op enger Héicht vun 2. 600 m ass eng Raschtplaz mat Parking fir Autoen. D'Strooss ass mat enger Barriär gespaart a kann dann nach just mam Vëlo befuer ginn. Déi lescht 900 m sinn net goudronéiert a mat traditionellem Coursevëlo schwéier ze fueren. D'Steigung läit tëscht 5 a 7%. Eng zweet Méiglechkeet ass fir zu Monachil fortzefueren an dann iwwer de Collada del Muerto erëm um hallwe Wee op d'A-395 ze kommen. Allerdéngs gëtt et op där Streck zwéin Deeler déi zimmlech géi sinn, ee mat 15% an eng ronn 200 Meter mat 18%.