Pi (Buschtaf)
Buschtaf
De Pi (griichescht Neutrum, Majuskel Π, Minuskel π) ass de 16. Buschtaf vum griicheschen Alphabet.

(uewen a Serifschrëft,
ënnen a ouni Serif)
De Buschtaf Pi hat bei de Griichen als Ziffer nom milesesche Prinzip de Wäert 80.
Urspronk
ännerenD'Variant-Form vum Minuskel ϖ (oder och ) war bei de Byzantiner déi üblech Schreifweis. Si fënnt sech och an de fréieste Dréck. Béid Formen, an , waren zanter dem Mëttelalter nieweneneen gebräichlech, och haut gëtt nach a griichesche Schreifschrëfte gebraucht. Als gedréckte Letter ass si awer aus der normaler griichescher Schrëft verschwonnen. Haut ass säin Asazberäich op Mathematik, Physik, Astronomie an Technik begrenzt a stellt do en eegestännegt Zeechen.
Gebrauch vum Pi
änneren- An der Biologie bezeechent π en osmotescht Potential.
- An der Physik bezeechent π
- e Meson, kuckt Pion,
- e Spannungstensor.
- An der Mathematik
- bezeechent d'Kreeszuel,
- gëtt dacks als Formelzeeche fir Permutatioune gebraucht,
- bezeechent d'lemniskatesch Konstant (als Analogon zum Krees),
- kennzeechent d'Produktzeechen Π d'Multiplikatioun vu ville mathemateschen Objeten,
- bezeechent (x) d'Primzuelfunktioun.
- an der Chimie als Pi-Bannung an Pi-Komplex
- An der Polyamory-Flagge steet de π fir den Ufanksbuschtaf „P“ an Polyamory.
- An der Vollekswirtschaftsléier bezeechent π d'Inflatiounsrat.
- An der Betribswirtschaftsléier gëtt π dacks als Bezeechnung fir de Gewënn gebraucht.
Um Spaweck
ännerenCommons: Pi – Biller, Videoen oder Audiodateien |