Philippe Séguin

franséische Politiker

De Philippe Séguin, gebuer den 21. Abrëll 1943 zu Tunis, a gestuerwen de 7. Januar 2010 zu Paräis, war e franséische Politiker.

Philippe Séguin
Gebuer 21. Abrëll 1943
Tunis
Gestuerwen 7. Januar 2010
Paräis
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale d'administration,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Paul-Cézanne
Aktivitéit Politiker
Partei Union des démocrates pour la République, Union pour la nouvelle République, Rassemblement pour la République

Hien huet no senger Première op der École normale d'instituteurs vum Departement Var an op der Universitéit Aix-en-Provence studéiert. Duerno huet hien d'École nationale d'administration als Member vun der promotion «Robespierre» (Januar 1968 - Mee 1970) gemaach.

Hie gouf Member vun der Partei UDR (Union pour la défense de la République), déi sech méi spéit an RPR (Rassemblement pour la République) ëmbenannt huet. Wärend senger politescher Carrière war hie vun 1983 bis 1997 Buergermeeschter vun Épinal. Ënner dem Premierminister Jacques Chirac war e vun 1986 bis 1988 Minister fir Soziales an Aarbecht a vun 1993 bis 1997 President vun der Assemblée nationale. Vun 1997 bis 1999 war de Philippe Séguin President vum RPR. 2001 gouf den RPR an UMP ëmgedeeft an ideologesch méi "op" gemaach. Well de Séguin dës Ännerungen net guttgeheescht huet, ass hien net Member vun der UMP ginn. Bannent senger Partei huet hie virdrun enger europaskeptescher Fraktioun ugehéiert, déi ë. a. géint den Traité vu Maastricht war. Hie war zulescht President vun der franséischer Cour des comptes.

De Séguin ass un engem Häerzschlag an der Nuecht op de 7. Januar 2010 gestuerwen.

Wierker änneren

  • Réussir l'alternance (1985)
  • La Force de convaincre (1990)
  • Louis Napoléon Le Grand (1990, prix du Second empire de la fondation Napoléon 1990)
  • De l'Europe en général et de la France en particulier (en coll., 1992)
  • Discours pour la France (1992)
  • Demain, la France: tome 1: la priorité sociale (en coll., 1992); tome 2: La reconquête du territoire (1993)
  • Ce que j'ai dit (1993)
  • Discours encore et toujours républicains (1994)
  • Deux France ? (en coll., 1994)
  • 240 dans un fauteuil (1995)
  • C'est quoi la politique ? (récit pour enfants, 1999)
  • Plus français que moi, tu meurs ! (essai) (2000)
  • Lettre ouverte à ceux qui veulent encore croire à Paris (2000)
  • Itinéraire dans la France d'en bas, d'en haut et d'ailleurs (mémoires, 2003)

Kuckt och änneren

Commons: Philippe Séguin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck änneren