Philippe Perlia

lëtzebuergeschen Alpinist a Sportsenseignant

De Philippe Perlia, gebuer den 1. Dezember 1955 zu Rüschlikon bei Zürich an der Schwäiz, a gestuerwen de 15. August 2001 an de Berner Alpen an der Schwäiz, war e lëtzebuergeschen Alpinist a Sportsenseignant.

Philippe Perlia
Gebuer 1. Dezember 1955
Rüschlikon
Gestuerwen 15. August 2001
Berner Alpen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Alpinist, Enseignant

Als Alpinist war hien 1987 op der Spëtzt vum Kilimanjaro an Tansania. No enger Rei aneren Expeditiounen, war hien den 22. Mee 2001 op der Spëtzt vum Mount Everest. De Philippe Perlia war domat, nom Eugène Berger, den zweete Lëtzebuerger deen dat fäerdegbruecht huet.

De Philippe Perlia ass de 15. August 2001 um Lauteraarhorn an de Berner Alpen ëm d'Liewe komm. Bei enger Klammtour, déi hie geleet huet, ass den éischte Member vun der Seelschaft ausgerëtscht an huet de Philippe Perlia an déi zwéin aner Membere vun der Grupp eng 600 m an Déift gerappt.

Um Spaweck

änneren