Philippe Barbier

franséische Cheemiker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Philippe Antoine Barbier gebuer den 2. Mäerz 1848 zu Luzy an der Nièvre, a gestuerwen den 18. September 1922 war e franséische Cheemiker. Hie war den éischte Cheemiker deen a senge Syntheesen organometallesch Substanze benotzt huet.

Philippe Barbier
Gebuertsnumm François Antoine Philippe Barbier
Gebuer 2. Mäerz 1848
Luzy
Gestuerwen 18. September 1922
Bandol
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Chimist

Liewen änneren

Nodeem hien Assistent vum Marcellin Berthelot am Collège de France an an der École de Pharmacie de Paris war ass hie Professer op der Uni zu Lyon ginn.

Wëssenschaftlech Aarbecht änneren

Hien hat erausfonnt datt, wann een e Keton mat Jodmethan vermëscht an dobäi nach metallesche Magnesium benotzt, da gëtt dat R2(CH3)C-OH. Déi Method ass vun sengem Schüler dem Victor Grignard perfektionéiert ginn an dréit och dem säin Numm. De Barbier selwer ass méi bekannt fir d'Barbierreaktioun.

Kuckt och änneren