Philip Hammond

brittesche Politiker

De Philip Hammond, gebuer de 4. Dezember 1955 am Essex, ass e brittesche konservative Politiker.[1]

Philip Hammond
Gebuer 4. Dezember 1955
Epping
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Politiker
Partei Konservativ Partei

Hie war vun 1997 bis 2010 Deputéierten am House of Commons, vum Walbezierk Runnymede and Weybridge am Surrey. An der Koalitiounsregierung vun 2010–2015 war hien am Ufank Transportminister a Member vum Privy Council. Am Oktober 2011 gouf hien am Liam Fox senger Plaz Verdeedegungsminister an domat och Member vum Nationale Sécherheetsrot. De 15. Juli gouf hien Ausseminister ënner dem Premier David Cameron[2] an ass dat och am Mee 2015 an der zweeter Cameronregierung bliwwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Philip Hammond – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. www.dodspeople.com
  2. www.burkespeerage.com