Phantom of the Opera (Film 1943)
Phantom of the Opera ass en US-amerikanesche Film vum Arthur Lubin aus dem Joer 1943 nom Roman Le Fantôme de L'Opéra vum Gaston Leroux.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1943 |
Première | 1943 |
Dauer | 92 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format | 1,37:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Arthur Lubin |
Dréibuch |
Eric Taylor Samuel Hoffenstein John Jacoby no engem Roman vum Gaston Leroux |
Fotografie |
W. Howard Greene Hal Mohr |
Musek | Edward Ward |
Schnëtt | Russell F. Schoengarth |
Dekoren |
Alexander Golitzen John B. Goodman |
Produzent |
George Waggner Universal Pictures |
Produktiouns- gesellschaft | Universal Studios |
Schauspiller | |
Nelson Eddy als Anatole Garron Susanna Foster als Christine DuBois Claude Rains als Erique Claudin Edgar Barrier als Raoul Daubert Leo Carrillo als Ferretti Hume Cronyn als Gerard Frank Puglia als Villeneuve Miles Mander als Pleyel | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenNo 20 Joer als Violonist an der Paräisser Oper gëtt den Erique Claudin (Claude Rains) entlooss well hien aus Gesondheetsgrënn keng Gei méi ka spillen. Als anonymme Mäzen huet hie jorelaang d'Ausbildung vun der Sängerin Christine Dubois (Susanna Foster) matfinanzéiert. Elo steet hien ouni Suen do. Seng lescht Hoffnung ass e Concerto deen hie geschriwwen huet a vun deem hien d'Partitur un de Museksverlag Pleyel & Desjardins geschéckt huet. De Verlagsdirekter (Miles Mander) huet keng Loscht d'Partitur ze kucken a seet zum Claudin säi Stéck wier näischt wäert. De Claudin kritt doduerch Sträit mam Direkter an erwiergt hien. Dem Direkter seng Assistentin wëll him hëllefen a geheit dem Claudin eng Saier an d'Gesiicht. De Claudin leeft fort an hält sech duerno am Ënnergrond vun der Oper op. Vun do aus versicht hien dann heemlech der Christine Dubois hir Karriär z'ënnerstëtzen a versicht d'Direktioun vun der Oper z'erpressen…