De Peugeot 203 gouf tëscht 1948 an 1960 mat iwwer 685 000 Exemplaire vum franséischen Autosconstructeur Peugeot zu Sochaux gebaut. Et war den éischten neientwéckelte Modell vu Peugeot no dem Zweete Weltkrich, a vun 1949 bis 1954 war et den eenzege Modell dee Peugeot verkaaft huet.

E Peugeot 203 aus dem Tour de France 1954

Geschicht änneren

1941 huet Peugeot mat enger Etüd vum zukënftege Modell 203 ugefaangen, ënner schwéiere Bedingungen, well d'Wehrmacht d'Wierk ënner Beschlag hat. Peugeot huet an deem Wierk missen Arméismaterial fir d'Besatzungsmuecht produzéieren, an dat war dofir een Haaptugrëffszil vun den alliéierte Lancaster-Bomberen. Wéi d'Besatzer sech um Enn vum Krich hu missen zeréckzéien hunn se eng Parti vun de Maschinne geklaut, an an Däitschland transportéiert, an dat Geschier dat se net gezoppt haten, hu se schwéier beschiedegt stoe gelooss.

Am Oktober 1948 ass den neien Auto um "Mondial" zu Paräis virgestallt ginn. Den 203 huet den 202 ofgeleist, de vill ze vill al war am Verglach mat der Konkurrenz. Iwwregens ass de Citroën 2CV och do virgestallt ginn.

Technik änneren

Den 203 war e ganz modernen Auto a senger Zäit vläicht souguer am viraus. En hat eng modern Karrosserie, déi éischt Karrosserie vu Peugeot, déi sech selwer gedroen huet, an eng Technik déi fir déi Zäit net gewinnt war.

De Motor war "nëmmen" een 1290 ccm, an enger Zäit an där d'Konkurrenz haaptsächlech déck Motoren agebaut huet.

Den 203 ass am Ufank net extra gutt bei de Leit ukomm, mä huet ganz séier e gudden Numm kritt well et en zouverléissegen Auto war.

Seng Konkurrente waren deemools d'Citroën 11, an d'Simca 8.

Modeller änneren

Et si verschidde Modeller vum 203 ugebuede ginn:

  • 1949 den "Découvrable"
  • 1951 de "Cabriolet" mat engem Interieur aus Lieder!
  • 1950 d' " Familiale " an d' " Commerciale "
  • 1952 de "Coupé" deen am Ganzen nëmmen 1000-mol gebaut gouf.

Seng Karosserie ass bal net geännert ginn a senger "Karriär", d. h. bis Februar 1960.

1954 huet Peugeot 13 Spezialmodeller fir den Tour de France gebaut.

D'Produktioun vum 203 war de 26. Februar 1960 owes um 10 Auer eriwwer, de leschte war de Modell mam der Chassisnummer 1 908 056.

Stéckzuelen no Joren änneren

  • 1949 - 13 325
  • 1950 - 40 908
  • 1951 - 48 278
  • 1952 - 53 469
  • 1953 - 57 378
  • 1954 - 61 606
  • 1955 - 68 894
  • 1956 - 38 176
  • 1957 - 29 624
  • 1958 - 23 589
  • 1959 - 18 019
  • 1960 - 2728

Um Spaweck änneren

Link Site Peugeot 203

Commons: Peugeot 203 – Biller, Videoen oder Audiodateien