E Personal Area Network (ofgekierzt PAN) ass e Computernetzwierk, dat dem Aarbechtsentourage vun engem Benotzer entsprécht a sech just iwwer e puer Meter erstreckt. PANe kënne mat drotgebonnenen Iwwerdroungstechniken, wéi USB oder FireWire, oder mat drotlosen Techniken, wéi IrDA oder Bluetooth opgebaut ginn. Si connectéieren zum Beispill e Computer mat senger Maus, Clavier oder Printer.

PANe si klenger wéi Local Area Networks, Metropolitan Area Networks, Wide Area Networks a Global Area Networks.