Pazifikatiounsedikt vu Poitiers

De Pazifikatiounsedikt vu Poitiers gëtt am September 1577 ënnerschriwwen.

Dësen Edikt geet Hand an Hand mam Fridde vu Bergerac déi de siwente Reliounskrich ofschléisst. Den Toun am Edikt ass extreem reliéis gehalen. Den Edikt ass am Numm vun eiser Här geschriwwen, deem seng "verge de rigeur" d'"offenses et péchés des hommes" bestrooft. Et sinn déi Onschëlleg, "c'est à savoir notre pauvre peuple" déi am meeschte leiden.

Wat d'Reliounsfräiheet betrëfft, sou ass dës an de Faubourge vun enger Stad pro Bailliage oder Sénéchaussée erlaabt, an ausserdeem och nach op alle Plaze wou de protestantesche Kult publik de 17. September 1577 zelebréiert gouf. D'gemëschte Justizchamberen gëtt et nëmmen nach a véier Parlamenter (Bordeaux, Toulouse, Grenobel an Aix). Dës Chambere sinn zesummegesat aus aacht kathoulesche Conseillierën, a véier Reforméierten. D'sougenannt Places de sûreté bleiwe weiderhin zu aacht (Périgeux, La Réole, Mas-Grenier, Montpellier, Aigues-Mortes, Nyons, Serre a Seyne) mä si ginn nëmme fir sechs Joer erlaabt.

De Pazifikatiounsedikt schaaft e Kompromëss, deen deem vum Edikt vun Nantes virausgeet. Geneesou wéi en am September ënnerzeechent gouf, bleift en awer net stoen, wat duerch d'Traitéë vun Nérac a vu Fleix bedingt ass.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren