Paula Mae Weekes

Presidentin vun Trinidad an Tobago
(Virugeleet vu(n) Paula-Mae Weekes)

D'Paula(-)Mae Weekes, gebuer den 23. Dezember 1958 zu Port of Spain, ass eng Juristin a Politikerin aus Trinidad an Tobago. Si gouf 2018 zu der Presidentin vun hirem Land ernannt a war déi éischt Fra an dëser Funktioun. Hir Nofollgerin gouf 2023 d'Christine Kangaloo.

Paula Mae Weekes
Gebuer 23. Dezember 1958
Port of Spain
Nationalitéit Trinidad an Tobago
Aktivitéit Jurist, Politiker, Affekot
Partei Onofhängeg

Liewen änneren

D'Weekes huet op der University of the West Indies (UWI) zu Cave Hill Droit studéiert an dës mat engem Bachelor of Laws, souwéi dono engem Legal Education Certificate op der Hugh Wooding Law School zu St. Augustine ofgeschloss. 1982 gouf si um Barreau zougelooss. Dono war si Affekotin, a gouf 1996 Riichterin op dem High Court vun Trinidad.[1] Vun 2005 bis 2016 war se Riichterin op der Cour d'appel. Vun 2011 bis 2016 huet si Eethik-Coursen op der Hugh Wooding Law School ginn.[2] 2016 gouf se pensionéiert, gouf awer nach am Februar 2017 Riichterin op der Cour d'Appel vun den Turks- a Caicosinselen.

De 5. Januar 2018 gouf si vun der Regierungspartei PNM als Kandidatin fir d'Nofollgerin vum Staatspresident Anthony Carmona ernannt. D'Oppositiounspartei UNC huet op en eegene Kandidat verzicht, soudatt si den 8. Januar offiziell nominéiert, an den 19. Februar 2018 zur Presidentin proklaméiert gouf. Si huet hir Funktioun den 19. Mäerz 2018 ugetrueden.

Referenzen änneren

  1. Sean Douglas: "Paula Mae Weekes in a nutshell." Trinidad Newsday, 6.1.2018.
  2. Carolyn Kissoon: "A proud moment for T&T: President-elect Paula Mae-Weekes" Trinidad Express, 19.01.2018