Patrick Floener

De Patrick Floener gebuer den 9. Abrëll 1988, ass e lëtzebuergesche Museker a Komponist.

Patrick Floener
FloenerPatrick.jpg
Gebuer 9. Abrëll 1988
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

BiographieÄnneren

Mat aacht Joer huet de Patrick Floener ugefaange Keyboard ze spillen an huet duerno Musekcourse fir Batterie a Perkussioun geholl. Vun 2000 bis 2004 huet hien an der Harmonie Municipale Roeserbann Saxophon gespillt. Niewelaanscht huet hie vun 2002 bis 2004 bei Radio LRB eng eege Sendung moderéiert. 2003 huet hien zesumme mat Kolleegen d'Band The Difference gegrënnt, an där Lidder wéi Where Should I Go entstane sinn.

Nodeem sech d'Band getrennt hat, huet de Patrick Floener vill nei Lidder geschriwwen a sech op seng eege Musek konzentréiert: 2005 huet hie Gesangscourse beim Fred Hormain geholl an scho kuerz drop ass Hetero Metro Sexuell entstanen, de Grondstee vu senger Solo-Carrière. Mat dësem Lidd huet hie sech bei alle lëtzebuergesche Radiosendere virgestallt a sech entscheet eng Solo-Carrière ze starten. Gläichzäiteg huet hien awer mat sengem Kolleeg Javier eng Grupp gegrënnt déi sech Jibbes On Tour nennt. Zesumme si se duerch de Minett op verschidde Manifestatiounen opgetrueden.

Am Summer 2006, nodeem hien d'Texter geschriwwen an Demotapes opgeholl hat, huet de Patrick Floener 18 Years a Goodbye fir seng éischt Single opgeholl. Säin neist Konzept zanter Fréijoer 2007 ass Random Hap, en Duo mat der Audrey Chanson. Säin éischten Album Together ass am September 2007 erauskomm.

Mëtt 2008 huet de Patrick Floener ugefaange mat der Sängerin Dhalia zesummenzeschaffen, mat där hien zwou Single produzéiert huet: You and Me a Mine. Beim Radio DNR war hie vun Enn 2008 bis Mëtt 2010 Freelance Animateur an huet do ënner anerem de Sonndegmuere moderéiert.

2011 huet hien zesumme mam Tom Winandy de lëtzebuergesche Museksconcours fir lokal Gruppen Brand Your Band gegrënnt. Am selwechte Joer ass seng Bacheloraarbecht am Studium Audioproduktioun mam Titel Studie der Musikalität in Abhängigkeit von der Händigkeit als Buch verëffentlecht ginn.[1]

DiskographieÄnneren

SinglenÄnneren

Joer Cover Lëscht vun de Pisten
2006 18 Years (CD-Single)
  • 1. 18 Years
  • 2. Goodbye

AlbumenÄnneren

Joer Cover Ausgekoppelt Singles
2007 Together
  • 18 Years
  • Crazy (about her)
  • Patrick Floener & Fred Hormain - Together/Ensemble
  • Random Hap - Can you?

Aner ReleasenÄnneren

Joer Cover Funktioun
2008 Dhalia - You and me (EP)
  • Produzent, Songwriter, Arrangeur
2009 Dhalia - Mine (EP)
  • Produzent, Songwriter (zesumme mam Fred Hormain)

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. De Patrick Floener am RTL Interview op SoundCloud