Patrice Lumumba

(Virugeleet vu(n) Patrice E. Lumumba)

De Patrice Émery Lumumba, gebuer den 2. Juli 1925 zu Katako-Kombé (haut Provënz Kasai-Oriental) a gestuerwen de 17. Januar 1961 an der Provënz Katanga, war e kongoleesesche Politiker a vu Juni bis September 1960 den éischte Ministerpresident vum Kongo, dee sech vun der Belscher Kolonialherrschaft lassgemaach hat (vun 1971 bis 1997 housch d'Land Zaïre).

Patrice Lumumba
Gebuer 2. Juli 1925
Katakokombe
Gestuerwen 17. Januar 1961
Lubumbashi
Aktivitéit Politiker, Revolutionär
Partei Parti libéral

Dem Lumumba säi Gebuertsnumm war Tasumbu Tawosa. 1958 war hien ee vun de Grënner vum Mouvement National Congolais (MNC), enger Partei, déi sech fir d'Onofhängegkeet agesat huet, an huet do geschwënn zum Spëtzekader gehéiert. Wéinst sengem Opruff fir d'Onofhängegkeet koum hie vun Oktober 1959 bis Enn Januar 1960 an de Prisong, a gouf do gefoltert.

Bei den éischte Parlamentswale vum 25. Mee 1960 gouf de Mouvement National Congolais stäerkst Partei. Wéi de Kongo den 30. Juni 1960 vun der Belsch onofhängeg gouf, gouf de Lumumba – trotz grousse Retizenze bei der wäisser Populatioun an der Uewerschicht vum Land – éischte Ministerpresident. De Joseph Kasavubu (1910–1969; am Amt von 1960 bis 1965) gouf Staatspresident.

Scho bei de Feierlechkeete vun der Onofhängegkeetsfeier huet de Lumumba sech staark fir Fräiheet an Dignitéit agesat. Sou huet hien a senger Ried dem Kinnek Baudouin widdersprach, deen d'"Errungeschaften" an déi "zivilisatoresch Verdéngschter" vun der Kolonialherrschaft gelueft hat. Beim Kinnek zou a virun de versammelten Invitéen aus dem In- an Ausland huet hien déi Interpretatioun zeréckgewisen an huet d'Ënnerdréckung, d'Ausbeitung an d'Mëssuechtung vu Säite vun der belscher Kolonialverwaltung ugeprangert.

Well d'Belsch de Kongo stënterlech an ouni Virbereedungen an d'Onofhängegkeet entlooss hat, gouf et sou gutt wéi keng Strukturen a keng ausgebilt Leit, fir staatlech Verwaltungen uerdentlech um Lafen ze halen: Et gouf am ganze Land just 30 Kongoleese mat enger akadeemescher Ausbildung, keen eenzege kongoleeseschen Offizéier am Militär, asw. Op der anerer Säit blouf d'Intressi vu belschen a westleche Firmen un de strateegesch wichtege Mineralressource vum Kongo (Uran, Koffer, Gold, Zënn, Cobalt, Diamanten, Mangan, Zénk) ëm sou méi grouss. Do derbäi koumen Agrarressourcen wéi Kotteng, Edelholz, Kautschuk a Palmueleg. Dës Konstellatioun huet mat sech bruecht, datt déi fréier Kolonialhären och no der Onofhängegkeet d'Land weiderhin de facto ënner hirer Kontroll hale konnten.

Déi belsch Regierung huet de Lumuba als eng Gefor ugesinn, well hien als Sozialist d'Biergbau- a Plantage-Gesellschafte verstaatleche wollt. Ë a. via d'Medien hunn si alles dru gesat, de Lumumba ze diskreditéieren; hie gouf als Kommunist a Géigner vun deene Wäissen duergestallt (wat hien ëmmer zeréckgewisen hat.

De Lumumba hat déi onméiglech Aufgab, déi heterogen Kräften am Land ënner een Hutt ze bréngen, d'Eenheet vum Land (dat 20-mol méi grouss wéi Frankräich ass) oprecht z'erhalen a seng Partei zu enger eenheetlecher nationaler Beweegung nom Virbild vu Ghana opzebauen. Déi Wäiss, déi nach am Land waren - Plantagebesëtzer, Geschäftsleit, déi belsch Offiziéer an der Arméi – a virun allem och d'USA, déi am Kale Krich op alles, wat nëmme vu Wäitem no Kommunismus ausgesouch, allergesch reagéiert hunn, hunn alles dru gesat fir dat échouéieren ze doen. D'Amerikaner hu gefaart, datt de Lumumba, nodeems dee vum US-President Eisenhower net déi Ënnerstëtzung kritt hat, déi en erhofft hat, géif sech un d'Sowjetunioun wenden. Och gesouche si duerch d'Privatiséierungspläng d'wirtschaftlech Interesse vun amerikanesche Firmen a Gefor, déi zum Deel de Momopol op Diamenteminnen an der Provënz Katanga haten. Dofir gouf schonn no e puer Woche vu Mataarbechter vum Joint Chiefs of Staff bei enger informeller Konferenz mat Vertrieder vun CIA, dem State Department an dem Defense Department proposéieren, de Lumumba z'eliminéieren.[1]

Den 12. Juli 1960 wollt de Lumumba an d'Provënz Katanga fléien, déi drop an dru war, sech vum Kongo ofzeléisen. Well d'belsch Truppen, déi do stationéiert waren, hien net eragelooss hunn, hunn de Lumumba an de Staatschef Kasavubu d'UNO ëm Hëllef geruff an der Belsch de Krich erkläert.

Mee geschwënn duerno huet de Staatspresident Joseph Kasavubu sech, mat der Ënnerstëtzung vun den USA, mam Kolonel Joseph Mobutu (dee sech méi spéit Mobutu Sese Seko genannt huet), géint de Lumumba vereent, an huet dësen de 5. September 1960 als Ministerpresident entlooss. Doropshin huet de Lumumba de Kasavubu fir ofgesat erkläert. Den Dag duerno, de 6. September 1960, huet dat kongoleesescht Parlament dem Lumumba seng Entloossung nees annuléiert. Den 12. September 1960 huet de Kasavubu hien nees fir ofgesat erkläert an huet de Mobutu ugestallt, de Lumumba ze verhaften. Dëse konnt sech awer einstweile verstoppen.

De 14. September 1960 huet d'Arméi ënner dem Mobutu an engem Putsch, dee mat den USA arrangéiert war, d'Muecht iwwerholl; de Kasavubu blouf offiziell Staatschef. De Lumumba gouf ënner Hausarrest gestallt.

De 27. November 1960 konnt de Lumumba aus Léopoldville entwutschen, gouf awer kuerz drop bei Mweka festgeholl an den 1. Dezember 1960 op Thysville bruecht. No enger Militärmeuterei zu Thysville den 13. Januar 1961 gouf de Lumumba mat zwee Leit, déi zu him gehalen hunn, an d'Provënz Katanga bruecht an dem Moïse Tschombé ausgeliwwert. Am Laf vun den nächsten Deeg goufe s'allen dräi gefoltert an du vu katangeschen Zaldoten, ënner belschem Kommando, exekutéiert. D'Ëmstänn vum Lumumba sengem Doud blouwen der Allgemengheet laang onbekannt. Eréischt 2001 huet eng Fachkommissioun vum Federale Parlament vun der Blesch de geneeën Oflaf an engem Rapport rekonstruéiert. Hir Läiche goufe fir d'éischt an der Stepp vergruewen, duerno awer nees ausgegruewen, zerstéckelt, a Saier opgeléist an d'Iwwerreschter verbrannt. Et steet fest, datt déi deemoleg belsch Regierung dem Lumumba seng Géigner am Kongo logistesch, finanziell a militäresch ënnerstëtzt huet. De Kinnek Baudouin soll, dem Schlussrapport no, vun de Pläng, de Lumumba doutzemaachen, Bescheed gewosst hunn. Virun deem Rapport housch et jorelaang, den CIA wier och mat vun der Partie gewiescht fir d'Ermuerdung z'organiséieren.

Literatur änneren

  • De Vos. P., Vie et mort de Lumumba, Paris, Calmann-Levy, 1961.
  • Revue |Europe n° 393, Patrice Lumumba, janvier 1962.
  • Hélène Tournaire et Robert Bouteaud, Le livre noir du Congo, Librairie académique Perrin, 1963.
  • Jean-Paul Sartre, La Pensée politique de Patrice Lumumba, in: Présence africaine n°47, juillet-septembre 1963
  • Jean Van Lierde, Patrice Lumumba. La dimension d'un tribun nonviolent, Bruxelles, MIR-IRG, 1988.
  • Benot, J., La mort de Lumumba, Paris, 1989.
  • Brassine, J. et Kestergat, J., Qui a tué Patrice Lumumba ? Paris-Louvain, Duculot, 1991.
  • Jean Tshonda Omasombo, Benoît Verhaegen, Patrice Lumumba, jeunesse et apprentissage politique 1925-1956, Paris, L'Harmattan, Cahiers africains, n° 33-34, 1998.
  • Ludo De Witte, L'assassinat de Lumumba, Paris, Karthala, 2000,
  • Colette Braeckman, Lumumba, un crime d'État, éd. Aden, 2002
  • Jean Tshonda Omasombo, Benoît Verhaegen, Patrice Lumuba, acteur politique. De la prison aux portes du pouvoir, juillet 1956-février 1960, Paris, L'Harmattan, Cahiers africains, n° 68-70, 2005.
  • Yvonnick Denoël, Le livre noir de la CIA, Nouveau monde éditions, 2007, ISBN 2290017159.

Seng Rieden änneren

  • Patrice Lumumba. Recueil de textes introduit par Georges Nzongola-Ntalaja, Éditions du CETIM, Genève, 96 pages, 2013.
  • Congo, My Country, sl, Éditions Praeger, Coll. Books That Matter, 1962.
  • Jean Van Lierde, La pensée politique de Patrice Lumumba, textes et documents recueillis et présentés par Jean Van Lierde, Paris-Bruxelles, Ed. Présence africaine, 1963, préface de J.-P. Sartre.
  • Jean Van Lierde, Lumumba Speaks: The Speeches and Writings of Patrice Lumumba, 1958-1961, Boston, Little Brown and Company, 1972, traduit par Helen R. Lane.

Referenzen änneren

  1. Gerard Colby, Charlotte Dennet: Thy Will be Done. The Conquest of The Amazon: Nelson Rockefeller and Evangelism in the Age of Oil. HarperPerennial, 1996, ISBN 0-06-092723-2, S. 325–327