Partei vun der Europäescher Lénker

Logo Parteizentral
Rue Parnasse 30
1050 Bréissel
Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 8.-9. Mee 2004
Ausriichtung: Demokratesche Sozialismus
Kommunismus
Fraktioun: Europäesch Vereent Lénk/
Nordesch Gréng Lénk (GUE/NGL)
Faarf: Rout
Websäit: www.european-left.org

D'Partei vun der Europäescher Lénk, meescht einfach Europäesch Lénk (EL) genannt (en.: Party of European Left; fr.: Parti de la gauche européenne; de.: Partei der Europäischen Linken) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau.

Si setzt sech aus europäesche Parteien aus dem lénkse politesche Spektrum zesummen, dorënner der lëtzebuergescher Déi Lénk, der däitscher Die Linke, dem franséische Parti communiste an der griichescher SYRIZA.

D'EL gouf 2004 zu Roum gegrënnt.