Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile

D'Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Süden-West an ersetzt déi 3 fréier Pare Monnerech, Steebrécken a Schëffleng. D'Uertschaft Wickreng, déi fréier zur Par Steebrécken gehéiert huet, gëtt ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Monnerech a Schëffleng.

D'Patréinesch vun der Par ass d'Muttergottes vum Evangelium.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Mondercange, Pontpierre et Schifflange et sur l'érection de la paroisse « Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile »