De Paräisser systematesche Moundatlas war deen éischte fotografesche Moundatlas. Hie gouf vun 1885 un um groussen Coudé-Equatorial-Spigelteleskop vum Paräisser Observatoire opgeholl an 1896 an 48 groussformatege Blieder vum Maurice Loewy a Pierre Puiseux publizéiert. Den Atlas war déi bis dohi schäerfst Kartéierung vun der siichtbarer Mounduewerfläch.

D'Kaarte sinn a 24 Billerkoppelen opgereit, woubäi all Kaartenausschnëtt déiselwecht Moundregioun an der zouhuelender an ofhuelender Moundphas weist - d. h. mat Beliichtung jeeweils vun Osten a vu Westen. Doduerch krut déi selenographesch-geologesch Däitung vun de Moundkrateren a -rillen, a vun de vulkaneschen Doumen a Gebiergssystemer nei Impulser.

En Nofolgewierk war den Atlas photographique de la Lune, deen déiselwecht Auteuren 1910 an 12 Deeler an den Drock ginn haten. Mam Loewy sengem Equatorial hat de Puiseux ronn 6.000 Moundfotoe gemaach.

Literatur a QuellenÄnneren

  • Josef Sadil, Blickpunkt Mond. Urania-Verlag, Leipzig/Jena 1962
  • Österr. Astroverein: Pariser systematischer Mondatlas, verkleinerte Fotokopie, Wien ëm 1970
  • Atlas photographique de la Lune (12-deeleg), an Google Books.