Bei der Panoramafotografie geet et drëm, fir Vuë vu bis zu 360° op Film oder bei der Digitalfotografie op engem Späichermedium festzehalen.



Jee no Fototechnik loosse sech déi verschidde Panoramausiichte fotograféieren.

Kugelpanoramaen änneren

Fir Kugelpanoramafotoen ze maachen, ass e Fëschaobjektiv néideg, mat Hëllef vun deem zwou Opname benotzt ginn, déi an engem Wénkel vun 180° vunenee gemaach goufen, a sou zesummegesat gi sinn, datt se e Kugelbild vun 360°x360° weisen.

Zylindresch Panoramaen änneren

Fir en Zylinderpanorama gëtt de Fotoapparat op engem Stativ horizontal a Wénkelschrëtter ëm hiren Nodalpunkt gedréit. Déi Fotoe kënne mat Hëllef vun enger Panorama-Software zu engem Panorama zesummegesat ginn ouni datt ee mierkt, datt déi enorm breet Foto aus méi Opname besteet.

Hëllefsmëttelen änneren

Panorama-Stativdréitelleren änneren

E Panoramadréiteller ass déi einfachst Method, fir mat Hëllef vun engem Fotostativ Objetpanoramaen ze maachen. En erlaabt et, Opnamen ze maachen an enger eenzeger Achs. E spezielle Mechanissem suergt dofir, datt d'Wénkelschrëtt konstant sinn, an dat a Funktioun zu der Brennwäit vum Objektiv, dat benotzt gëtt.

Fir ze liesen änneren

  • Harald Woeste: Panoramafotografie: Theorie und Praxis, dpunkt, Oktober 2007
  • Corinna Jacobs: Digitale Panoramen. Tipps, Tricks und Techniken für die Panoramafotografie, Bpringer Verlag, Berlin, Oktober 2003

Um Spaweck änneren

Commons: Panoramafotografie – Biller, Videoen oder Audiodateien