Äerdaltertum

(Virugeleet vu(n) Paleozoikum)

De Paleozoikum oder den Äerdaltertum huet viru 542 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 251 Millioune Joer gedauert. Et war den éischten Zäitalter am Äon vum Phanerozoikum.

Nom Paleozoikum kënnt de Mesozoikum a virdru war den Neoproterozoikum, den éischten Zäitalter aus dem Äon vum Proterozoikum.

Den Zäitalter ass a follgend Perioden agedeelt:

Flora a Fauna änneren

Am fréien Äerdaltertum sinn Algen an Déieren ouni Wierbelen an de Mierer an déi éischt komplizéiert Liewewiesen opgetrueden. Déi éischt Planze sinn entstanen. Méi spéit sinn d'Kriibsdéieren an déi éischt fëschähnlech Wierbeldéieren entstanen.
Am spéide Paleozoikum sinn um Land Arthropoden opgetrueden an am Mier si Fësch geschwommen. Et gouf grouss Sporeplanzen an déi éischt Amphibien.
Virun 290 Millioune Joer sinn déi éischt Reptiller opgetrueden. D'Stréimunge vum Mier sinn entstanen an d'Weltklima ass méi mëll ginn.

Paleogeographie änneren

Mam Zesummestouss vu Laurasia a Gondwana virun ongeféier 438 Millioune Joer huet sech de Superkontinent Pangea gebilt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Äerdaltertum – Biller, Videoen oder Audiodateien