Pësperkëscht
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Pësperkëscht ass eng am Theater vir ënner d'Bün an de Buedem eragebaut kleng Këscht, déi knapps eng 25 cm erauskuckt, a wou traditionell de Souffleur drasëtzt, deen den Acteure vun do aus hiren Text zoupëspert, wa se en Hänkert hunn.
Hautdesdaags gëtt et a villen Theatere keng Pësperkëscht méi, well de Souffleur entweeder op der Säitebün oder tëscht de Spectateure sëtzt a vun do aus pëspert, oder ganz anzwousch anescht sëtzt a mat Funk den Acteuren direkt iwwer en Empfänger an d'Ouer schwätzt.