Buddleja davidii

(Virugeleet vu(n) Päiperlekstrausch)

De Buddleja (och Buddleia oder Päiperlekstrausch; Buddleja davidii) ass en Trausch aus der Famill vun de Scrophulariaceae.

Buddleja davidii
Buddleja davidii
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Lamiales
Famill Scrophulariaceae
Gattung Buddleja
Wëssenschaftlechen Numm
Buddleja davidii
Franch.

Beschreiwung änneren

De Buddleja wiisst als Trausch a ka bis zu 4 m héich ginn. En huet charakteristesch, filzeg horeg Äscht. D'Blieder si bis zu 25 cm laang a 7 cm breet, schmuel a lafe spatz no vir aus. Uewendrop si se donkelgréng, ënnendrënner gro-filzeg. Se wuessen zu zwee an zwee niefteneen.

D'mof Bléie wuessen a sougenannte Rispen, déi bis 30 cm laang kënne ginn. Si ginn am Juni op a richen no Hunneg. Insekte mat laange Rüsselen, wéi Päiperleken, ginn dovun ugezunn a bestäube se. Den 3 mm klengen, spounfërmege Som gëtt mam Wand verbreet.

De Buddleja davidii ass a China an am Tibet doheem a gouf an Europa agefouert, fir a Gäert schéin ze maachen. En huet sech zanterhier och an der fräier Natur verbreet, besonnesch laanscht Eisen- an Autobunnen, Uferen oder op Broochen. En zielt deemno zu den invasiven Aarten oder den Neophyten.

Literatur änneren

  • Mario Ludwig, Harald Gebhard, Herbert W. Ludwig, Susanne Schmidt-Fischer: Neue Tiere & Pflanzen in der heimischen Natur - Einwandernde Arten erkennen und bestimmen, BLV Verlagsgesellschaft München, ISBN 3-405-15776-5
  • Bruno P. Kremer: Strauchgehölze Erkennen & bestimmen, Steinbachs Naturführer, 2002, ISBN 3-800-14275-9

Um Spaweck änneren

Commons: Buddleja davidii – Biller, Videoen oder Audiodateien