Otto Unverdorben

däitsche Geschäftsmann an Apdikter

Den Otto Unverdorben, gebuer den 13. Oktober 1806 zu Dahme-Mark, am Süde vu Brandenburg; an do gestuerwen den 28. November 1873, war Geschäftsmann an Apdikter zu Dahme-Mark an hien huet 1826 den Anilin entdeckt.

Otto Unverdorben
Gebuer 13. Oktober 1806
Dahme/Mark
Gestuerwen 28. November 1873
Dahme/Mark
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Chimist

Den Otto Unverdorben huet zu Dresden, Halle a Leipzig eng Cheemikerausbildung gemaach. Säi Spezialgebitt war d'dréchen Destillatioun vun organesche Stoffer. 1826 - am Alter vun zwanzeg Joer - huet hien et ronn kritt, fir dee fir d'Faarwen- a Konschtstoffindustrie wichtege Grondstoff Anilin ze fabrizéieren andeems en den natierlechen Indigo duerch eng Kallek-Destillatioun behandelt huet. Den Indigo huet sech bei där Destillatioun zersat.

Den Otto Unverdorben huet säin neit Produkt Anilin genannt. (anil = portugisesch fir indigo)

Hie stoung domat um Ufank vun enger neier Industriebranche. E puer grouss Chemiekonzerner hunn haut nach den Numm vu senger Entdeckung an hirem Numm BASF = Badische Anilin- und Sodafabrik, Agfa = Aktiengesellschaft für Anilinfarben.

1829 huet den Otto Unverdorben a senger Heemechtstad Dahme d'Epicerie vu sengen Eltere geierft a vun do un huet hien net méi an der Fuerschung geschafft.

Hien huet sech beméit, fir d'Zigarenindustrie zu Dahme ze lancéieren, déi iwwer 100 Joer engem groussen Deel vun de Awunner vun Dahme d'Akommes garantéiert huet. Den Otto selwer huet net gefëmmt.

1833 huet en d'Rittergut Glienig (zirka 12 km vun Dahme) kaaft a gouf och do de Schiermhär vun der Duerfschoul, déi haut als Erënnerung un hie säin Numm dréit.