Otto Borrigs
Paschtouer vu Jonglënster
De Johann Otto Borrigs, gebuer 1714 zu Koblenz, a gestuerwe 1783 zu Jonglënster, war e kathoulesche Paschtouer.[1]
Otto Borrigs | |
---|---|
Gebuertsnumm | Johann Otto Borrigs |
Gebuer |
1714 Koblenz |
Gestuerwen |
1783 Jonglënster |
Aktivitéit | Paschtouer |
Hien ass zu Koblenz opgewuess a gouf do Kaploun an der Liebfrauenkirche.
1744 gouf hien als Paschtouer vu Lënster ernannt. Tëscht 1762 a 1764 huet hien do en imposant Paschtoueschhaus mat zwee landwirtschaftleche Wirtschaftsgebaier niewendrun opriichte gelooss. E puer Joer méi spéit, huet hien déi barock Porkierch St. Martin baue gelooss. Scho 1750 hat hien um Areal e Gaart uleeë gelooss, wuer dann déi verschidde Gebaier hikoumen.
Wéi hie 1783 gestuerwen ass, gouf hie riets virun der Entrée vun der Kierch begruewen. Eng Gedenkplack vun 1896 erënnert un hien.
Och eng Strooss zu Jonglënster gouf no him genannt (L-6138).
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Avis vum 27. September 2023 vun der Commission pour le patrimoine culturel (COPAC) iwwer de Klassement vum Paschtoueschhaus (mat Gaart an Annexe) vu Jonglënster (nogekuckt: 10.10.2024).