Osservatorio Astronomico della Montagna Pistoiese

Den Osservatorio Astronomico della Montagna Pistoiese ass en astronomeschen Observatoire um Pian dei Termini nordëstlech vu San Marcello Pistoiese an der italieenescher Regioun Toskana a gëtt dofir och als Osservatorio di Pian dei Termini bezeechent. E gëtt vum Grupp Astrofili Montagna Pistoiese, engem Veräin vun Amateurastronomen, bedriwwen.

En huet zwou Observatiounskuppelen déi mat Newton-Teleskopen (Duerchmiesser 40 resp. 60 cm) ausstafféiert sinn. Den Observatoire gëtt wéinst senger Lag a klorem Himmel gär vu Wëssenschaftler vun den toskaneschen Universitéite benotzt.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie