Den optesche Wee L (oder d'optesch Weelängt) ass an der Wellenoptik d'Längt vun der Streck, fir déi d'Liicht am Vakuum déi selwecht Zäit benotzt wéi fir e Wee mat méiglecherweis ofwäichender Phasevitess (der Vitess, mat där d'Wellefronten d'Liicht entfalen).

D'Differenz vun den optesche Weelängte vun zwéi Weeër heescht Gangënnerscheed.

Berechnung änneren

D'Verhältnes vun der Liichtvitess am Vakuum   zu der Phasevitess   am Medium ass de Refraktiounsindex n vum Medium. Wann deen op dem Wee deelweis konstant ass, wéi z. B. beim Stralverlaf duerch e Lënsesystem, dann ass déi optesch Weelängt eng Zomm iwwer d'Deelstrecken  :[1]

 

Wann de Refraktiounsindex dogéint vu Plaz zu Plaz wiesselz, z. B. bei enger Loftspigelung, da gëllt allgemeng:

 

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Max J. Riedl: Optische Grundlagen für Infrarotsysteme (= Tutorial Texts in Optical Engineering. 56). SPIE Press, Bellingham WA 2002, ISBN 0-8194-4499-5, S. 80.