D'optesch Astronomie ass deen Deelberäich vun der Observatiounsastronomie, an deem d'Teleskopen an d'Instrumenter aus klasseschen optesche Baudeeler opgebaut sinn, also aus Lënsen, Prismen a Spigelen.

D'optesch Astronomie ëmfaasst haut d'Ultraviolettastronomie, d'visuell Astronomie an de Groussdeel vun der Infraroutastronomie. Bis ongeféier 1920 hat sech d'optesch Astronomie op d'visuellt Liicht an op (fotografesch gutt) UV misse beschränken. Vun den 1950er Joren u goufen héichempfindlech Sensoren och fir Infrarout a wäiten UV entwéckelt.

Atmosphäresch Fënsteren änneren

D'Äerdatmosphär absorbéiert de gréissten Deel vun den elektromagnéitesche Wellen, déi eis aus dem Weltraum erreechen. D'Observatiounsastronomie op der Äerduewerfläch huet haaptsächlech zwou atmosphäresch Fënsteren zur Dispositioun: eng, fir de Beräich vum visuelle Liicht, an eng zweet, fir déi laangwelleg Radiowellen. Ier Observatoirë baussen der Äerdatmosphär – d. h. astronomesch Satellitten – zur Dispositioun stoungen, gouf an der Observatiounsastronomie nëmmen tëscht optescher a Radioastronomie ënnerscheet.

Zënter 1970 sinn der Satellittenobservatioun och energieräich Stralungsberäicher a Mikrowellen zougänglech.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Röntgenastronomie an am Artikel Gammaastronomie
.

Literatur änneren

  • H. Kraemer, W. Foerster: Weltall und Menschheit Band III (p. 91-105, 143-288), Berlin-Leipzig-Wien 1902
  • J. Krautter et al. (Hrsg.): Meyers Handbuch Weltall, 7., völlig neu bearbeitete und erweiterte Auflage, p. 541-542. Meyers Lexikonverlag 1994, ISBN 3-411-07757-3
  • A. Unsöld, B. Baschek: Der neue Kosmos - Einführung in die Astronomie und Astrophysik, 7.Auflage, 580 p. (Kapitel II, p. 100-165). Springer-Verlag, Berlin-Heidelberg-NewYork 2005

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie