Am Zweete Weltkrich war d'Operatioun Chicago eng Verstäerkung vun der Operatioun Albany.

Bei där Operatioun sinn an der Nuecht vum 5. Juni 1944 Seegelfligeren a Parachutiste vun der 101. US-Loftlandedivisioun an der Géigend vu Vierville an der Normandie gelant. Déi Operatioun war en Deel vum Debarquement an der Normandie.

D'Seegelfligeren déi benotzt goufe waren d'Horsa, déi vun C-47 oder Halifax-Bommefligere gezunn goufen.

Missioun änneren

D'101. Loftlandedivisioun sollt am Südoste vu Sainte-Mère-Église landen, Brécken an Direktioun Carentan spréngen, a Passagen iwwer d'Douve zu Pont-l'Abbé a Beuzeville-la-Bastille besetzen, fir sou de Bréckekapp ze protegéieren.

D'Operatioun änneren

D'Operatioun hat net vill Chance. E Pilotage mat wéineg Experienz an de schwéieren Terrain hunn eng fatal Verspreeung vun den Truppe mat sech bruecht. Eng Parti ass an d'Mier gefall, an anerer sinn an iwwerschwemmte Gebidder erofkomm. No 24 Stonnen haten eréischt 3.000 Mann sech regruppéiert. Vill Zaldoten hunn net bei hir Trupp zeréckfonnt, an hunn deeglaang hanner de feindleche Linne gekämpft.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren