Omar Bongo

President vum Gabun
(Virugeleet vu(n) Omar Bongo Ondimba)

Den El Hadj Omar Bongo Ondimba, gebuer den 30. Dezember 1935 zu Lewai als Albert-Bernard Bongo a gestuerwen den 8. Juni 2009 zu Barcelona, war vun 1967 bis 2009 President vum Gabun.

Omar Bongo
Gebuertsnumm Albert-Bernard Bongo
Gebuer 30. Dezember 1935
Gestuerwen 8. Juni 2009
Barcelona
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich, Gabun
Aktivitéit Politiker, Militär
Famill
Bestuet mat Patience Dabany
Kanner Ali Bongo

De Bongo huet um Collège Technique zu Brazzaville studéiert. Hie war Zaldot an der franséischer Arméi an huet 1960 am Ausseministère vum Gabon geschafft, deen onofhängg gi war. Vun 1962 un hat hie verschidde Funktiounen an der Regierung, besonnesch am Cabinet vum President Léon M'ba. 1966 gouf de Bongo Vizepresident an den 2. Dezember 1967, nom M'ba sengem Doud, als President vum Gabon vereedegt.

Fir seng Muecht ze stäerken, huet hien 1968 d'Parti Démocratique Gabonais (PDG) gegrënnt, déi déi eenzeg erlaabte Partei am Land gouf. Sou gouf hien dunn och zanterhier (bis 1986 all 7 Joer, vun do un all 5 Joer), bal ëmmer als eenzege Kandidat, erëmgewielt.

De President Bongo ass 1973 zum Islam convertéiert an huet sech Omar Bongo genannt. Nodeem en op Mekka gepilgert war, duerft hie sech "El Hadj" nennen.

An den 1970er Jore wollt hie sech, nom Virbild vum zentralafrikanesche Jean-Bédel Bokassa, zum Keeser vum Gabon ernennen, Frankräich soll dat awer verhënnert hunn.

1990 huet de Bongo aner Parteien zougelooss, an hien huet d'Muecht mat Regierunge vun anere Parteie gedeelt, och wann en et vun 1993 duerch en neit Walgesetz den Oppositiounsparteie méi schwéier gemaach huet, d'Majoritéit am Parlament ze kréien.

Den Omar Bongo war dee President an Afrika mat der längster Amszäit. Hie war och ee vun de räichste Staatscheffen op der Welt.

Säi Fils, den Ali Bongo, ass am September 2009 zum President vum Gabon gewielt ginn.

Um Spaweck

Commons: Omar Bongo – Biller, Videoen oder Audiodateien