Olivier Catani

lëtzebuergeschen Televisiounsmoderateur an Acteur
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Olivier Catani ass e lëtzebuergeschen Televisiounsmoderateur bei RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien d'Sendungen 20vir - Planet Magazin, ofwiesselnd mam Dan Spogen, a PISA de Wëssensmagazin presentéiert[1].

Olivier Catani
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Schauspiller

Hien ass zu Jonglënster opgewuess an an de Lycée classique d'Echternach gaangen. Op der Universitéit zu Freiburg im Breisgau huet hie Geographie a Sportwëssenschafte studéiert. No sengem Studium huet hien e Stage beim däitschen RTL gemaach an duerno e Mount laang Showen am Europapark zu Rust moderéiert[2],[3].

De Catani huet 2012 an enger Episod vun der Sitcom Comeback matgespillt[4].

Referenzen änneren

  1. presse.rtl.lu: Communiqué de presse Saison 2009-2010
  2. lce.lu: Présentation des projets 2010
  3. telecran.lu: Ein Fall für zwei
  4. Olivier Catani op IMDb, gekuckt den 12. Juli 2017