Den Olin Chaddock Wilson, gebuer den 13. Januar 1909 a gestuerwen den 13. Juli 1994, war en US-amerikaneschen Astronom.

Olin C. Wilson
Gebuer 13. Januar 1909
San Francisco
Gestuerwen 13. Juli 1994
Nationalitéit USA
Educatioun University of California
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences

De Wilson huet Astronomie a Physik op der University of California, Berkeley studéiert. Am Joer 1934 promovéiert hien um California Institute of Technology.

Hie war wëssenschaftleche Mataarbechter um Mount Wilson-Observatoire.

Hien huet stellar Aktivitéitszyklen entdeckt, déi analog zu dem 11-Joer-Sonneflecken-Zyklus vun der Sonn sinn.

Zesumme mam Vainu Bappu huet hien 1957 eng Korrelatioun tëscht der Breet vun Ca II-Linnen a Stärespektren an der Liichtkraaft, dem Wilson-Bappu Effekt, entdeckt.

Am Joer 1977 gouf hie mat der Henry Norris Russell Lectureship an 1984 mat der Bruce Medail ausgezeechent.

Publikatioun änneren

  • Wilson, O. C.; Vainu Bappu, M. K. (1957): H and K Emission in Late-Type Stars: Dependence of Line Width on Luminosity and Related Topics. Astrophysical Journal 125 (1957) 661

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie