Ofspärband

temporär Ofspärung

En Ofspärband oder Ofspärbändchen, ëmgangssproochlech och Flatterband genannt, ass e plastiks oder stofte Band an enger jäizeger Faarf, dat haaptsächlech gebraucht gëtt fir bestëmmt Beräicher (Schantjen, Sécherheetsberäich, Manifestatioun, …) temporär ofzespären.

En Deel vun der Strooss ass gespaart
Verschidden Zorte Flatterband

Beschreiwung

änneren

Well et sech gutt stockéieren a séier installéiere léisst, gëtt d'Ofspärband ë. a. vun den ëffentlechen Noutdéngschter benotzt fir den Zougang zu de Beräicher vun engem Accident oder enger Strofdot ze verbidden, fir e Sécherheetsperimeter anzeriichten, fir Foussgänger ze kanaliséieren oder Parkplazen ze spären.

Material

änneren

D'Ofspärbändchen ass gemenkerhand aus Polyethylen (PE) an huet eng Breet tëscht 50 an 100 mm. De flexibele Film aus deem d'Band besteet, gëtt duerch Extrusioun fabrizéiert. Dëse Film gëtt da bedréckt an duerno geschnidden. D'Rulloe variéieren an der Längt, tëscht ongeféier 100 a 500 m. De Film ass normalerweis tëscht 50 an 150 μm déck, jee nodeem fir wat e gebraucht gëtt.

Et gëtt och Bänner déi sech biologesch ofbaue loossen, am Fall wou s'an der Natur trëlle gelooss ginn. Anerer, déi a Banneräim benotzt ginn, sinn esou traitéiert, datt se schwéier entzündlech sinn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Ofspärband – Biller, Videoen oder Audiodateien