Den Observatoire Brorfelde (dänesch: Brorfelde Observatoriet) ass en astronomeschen Observatoire deen an der Géigend vun Holbæk an Dänemark stee. Bis 1996 war den Observatoire en Deel vun der Universitéit Kopenhagen.

Den Observatoire Brorfelde, 2008.

De Brorfelde-Schmidt-Teleskop, deen ufanks (1966) eng Ëffnung vu 50 cm an e Spigelduerchmiesser vu 75 cm hat, gouf en ettlechmol modifizéiert an huet haut eng fräi Ëffnung vu 45 cm, e Spigelduerchmiesser von 77 cm an ass mat enger 2048 × 2048 Pixel CCD-Kamera ekipéiert. D'Instrument gëtt nach vu Studente benotzt an de Fuerschungszentrum vum Niels-Bohr-Institut ass an der Tëschenzäit zu Kopenhagen am "Rockefeller Komplekset".

Persoune mat Bezuch zum Observatoire änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren