Numa Ensch

belschen Affekot a Politiker

De Charles Numa Ensch(-Tesch), gebuer den 10. Juni 1841 zu Ruette a gestuerwen den 30. Oktober 1929 zu Arel, war e belschen Affekot a Politiker.

Numa Ensch
Gebuertsnumm Charles Numa Ensch
Gebuer 10. Juni 1841
Ruette
Gestuerwen 30. Oktober 1929
Arel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Affekot, Politiker
Famill
Bestuet mat Flore Tesch
Papp Jean Baptiste Ensch
Mamm Marie-Catherine Maud'huy

Den Numa Ensch huet 1866 en Doktorat am Droit zu Bréissel gemaach a gouf duerno Affekot zu Arel. 1869 gouf e Juge suppléant zu Arel, a war 1890, 1891, 1895 an 1896, Bâtonnier vum Areler Ordre des avocats.

Tëscht 1901 an 1921 war hie Buergermeeschter vun Arel. Hie war mat der Flore Marie Emma Adolphine Léonie Tesch bestuet an huet dee Familljennumm dacks u säin drugehaangen. D'Flore Tesch war d'Duechter vum Emmanuel Tesch an d'Niess vum Victor Tesch.

Hie war Member vum Verwaltungsrot vun der 1911 gegrënnter Arbed.