Noutstall
En Noutstall ass eng Konstruktioun, déi fréier op Bauerenhäff, a bei engem Houfschmadd am Gebrauch war.

Noutstall um Buerghaff
En huet dozou gedéngt fir grouss Béischte wéi Päerd oder Ranner anzespäre wa se beschloe goufen, oder fir d'Kloen ze botzen an zeréckzeschneiden.
Dofir ware laanscht d'Säiteverstriewunge Réng oder Ketten ubruecht fir de Fouss vum Béischt festzehalen. Hannen um Noutstall war eng déck hëlzen oder eise Stang wou dem Päerd seng hënnescht Houf beim Beschloe konnten dropgeluecht ginn.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Noutställ – Biller, Videoen oder Audiodateien |